Return to the talk Return to talk

Transcript

Select language

Translated by Manon Fiorino
Reviewed by Sven Clement

0:11 Dir Dammen an dir Hären, kommt all erbäi. Ech géing iech gären eng Geschicht erzielen.

0:16 Viru laanger Zäit an Däitschland am 19ten Jorhonnert, gouf et e Buch. Deemools war d'Buch de Kinnek vum Geschichtenerzielen. Et war éierwierdeg. Et war allgéigewäerteg. Mee et war e bësse langweileg. Well a senger 400-järeger Existenz, hunn d'Geschichtenerzieler d'Buch ni als Medium fir Geschichten ze erziele weider entwéckelt. Mee du koum en Auteur, an hien huet d'Spill fir ëmmer geännert. (Musik) Säi Numm war Lothar, Lothar Meggendorfer. De Lothar Meggendorfer huet mat der Fauscht ob den Dësch geschloen a gesot: "Genuch ass genuch!" Hien huet e Bic an de Grapp geholl, hien huet no senger Schéier gegraff. Dëse Mann huet refuséiert sech de Conventioune vun der Normalitéit ze erginn an décidéiert Pabeier ze falen. Geschicht kennt den Lothar Meggendorfer als - wee soss? - de weltwäit éichten wirklechen Erfinder vum Opklappbuch fir d'Kanner. (Musik) Fir des Freed a Wonner hun d'Leit gejubelt. (Jubel) Si ware frou well d'Geschichten haten iwerlieft, an d'Welt wärt sech der emmer weider ausdenken.

1:34 De Lothar Meggendorfer war net deen éichten den d'Art a Weis wéi eng Geschicht gezielt get weiderentweckelt huet, an hee war ganz secher net dee leschten. Ob Geschichtenerzieler et realiséiert hun oder net, si hun dem Meggendorfer säi Geescht kanaliséiert wéi se vun Oper ob Vaudeville, vu Radio Norichten ob Hörspiele, vu Film ob bewegte Film ob Film mat Toun, Faarw, 3D, ob Videokassett an DVD weider gaangen sin. Et huet geschengt wi wann et kee Géigemettel fir d'Meggendorferitis géif gin.

2:03 An d'Saach as nach vill mi flott gin wi den Internet bis obkomm as. (Laachen) Well, net nemmen konnten d'Leit hier Geschichten duech d'Welt senden, mee si konnten dat maan mat Hellef vun et schengt onendlech villen Hellefsmettel. Zum Beispill, eng Entreprise kann eng Liebesgeschicht azielen mat Hellef vun hierer eegener Sichmaschinn. Een Produktiouns-Studio an Taiwan kann amerikanesch Politik an 3D interpretéieren. (Laachen) An ee Mann kann d'Geschichten vu sengem Papp azielen an deems en eng Platform di Twitter heescht benotzt fir seng Ausscheedungen a Gebärden ze kommunizéieren.

2:45 A no all deem huet jidderen fir e Moment stall gehal an ee Schrett no hannen gemaach. Se hu realiséiert, dat se an 6000 Joer Geschichtenerzielen, vum Duerstellen vun Juegt ob Höhlenmaueren ob Duerstellen von Shakespeare ob Facebook Pinnwänn gaangen sin. An dat war e Grond fir ze feieren. D'Konscht vum Geschichtenerzielen as onverännert bliwen. An zum gréißten Deel gin d'Geschichten recycléiert. Mee d'Art a Weis wi d'Menschen Geschichten erzielen huet sech emmer weiderentweckelt mat purer, bestänneger Neiheet.

3:15 An si wärten sech emmer un ee Mann arenneren, een immensen Däitschen, all Kéiers wann e neit Mettel fir Geschichten ze erzielen obkomm as. An dofir wärt d'Publikum - eist allerléifst, wonnerbart Publikum - wann se net gestuerwen sin, haut nach liewen. (Applaus)